GEHAANSBLÉISER DIDDELENG
Och wann hiert Bestoen am Laf vun den Joer e puer mol op der Kipp
stoung sou sin se awer frou haut soen ze kennen dass se zanter 2009,
wou de Fonctionnement an d'Gérance vun de GEHAANSBLÉISER
genau définéiert ass, ee Grupp ass dee gutt funktionnéiert an vun der
"Gehaansbléiser-Kommissioun" anstänneg gefouert gëtt.
2020 sollte mer eigentlech schonn 30 Joer feieren awer leider ass dat
genau esou an d'Waasser gefall wéi vill aner Sachen. Et war da wierklech
ee Joer ouni Aktivitéiten an d'läscht Joer war och nach net vill um Programm.
2022 waren eis d'Gehaansbléiser awer mat neiem Elan an ënner der Leedung
vun onsem neien Chef, dem Romain RIES, deen iwwregens, wéi op enger
Fotoaus dem Joer 1990 ze gesinn ass ( zweeten vun lenks am stoen, schonns
ee vun de Grënnungsmembere war, dann erëm vill gefroo.
Mat engem ganz neien, uspriechenden Programm waren si ennerwee an hun
de Léit vill Freed gemat.
Eis GEHAANSBLÉISER hun et also gepackt, no munch Héichten an Déiften,
och haut, no Corona, no elo 32 Joer als Grupp vu der
HARMONIE FORGE DU SUD.
GEHAANSBLÉISER DIDDELENG
suergen deemno schonn 32 Joer d'Leit op Kiermessen an aner
Fester mat hirer flotter Musek ze begeeschteren an
bei ville Gelegenheeten fir gutt Stëmmung
GEHAANSBLÉISER DIDDELENG
gi gären fir Fester a Kiermessen gebucht.